28 Nov 2011

d’Coque

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hannert dëser Good Idea verstoppt sech e richtege Sport- a Kulturtempel: Op 60 000 m2 bitt “La Coque” Elite- a Fräizäitsportler eng gigantesch sportlech Infrastruktur, alles op Wonsch moduléierbar fir Ausstellungen, Konferenzen, Concerten, etc. Dat futuristescht Gebai läit um Kierchbierg, matzen am Finanz- an EU-Véierel vun der Stad.

Nieft där grousser Schwämm mat e puer Basenge gëtt et e Wellness-Beräich mat villen Offeren, eng Liichtathletikstreck, Restauranten, e Bar, e Konferenzzentrum, Ausstellungsflächen, en Hotel a vill Raum fir all méiglech (Grouss)Veranstaltungen.

Good Idea : Den aktuelle Manifestatiounskalenner fannt Dir op www.coque.lu!

d'Coque


2, rue Léon Hengen
L-1745 Luxembourg

 43 60 60 222

 info@coque.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché