07 Mar 2016

E Vëlo vum Andy Schleck

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et ass d’Geschicht vun haarder Aarbecht, vill Schweess a Stëbs, Routen, déi engem den Otem huelen, grandiose Victoiren- an engem Vëlosbuttek! Mir hu Rendez-vous  zu Izeg mam Andy Schleck, dem Tour de France – Gewënner vun 2010. An engem ëmgebaute Bauerenhaus matzen am Duerf geréiert hien zesumme mam Gil Delvaux d'”Andy Schleck Cycles”-Geschäft.

Dem Andy Schleck säi Buttek ass eppes fir d’A: architektonesch uspriechend, hell a waarm Faarwen, schéi geraumt; bescht Viraussetzunge fir en ausgibegen Tour duerch d’Vëloswelt an natierlech och dem Andy Schleck seng Welt. Well nieft de Coursevëloen (vun de Marken Trek, Fokus an Cervelo), Mountainbiken, Kannervëloen, Trekking – an Tourevëloen (vill och an der e-Variant) grad wéi diversen, deels ganz ausgefalenen Accessoiren, sinn e puer Tricoten, Coursevëloen a Couppe vum erfollegräiche Cyclist ausgestallt.

Breet gefächert Serviceleeschtungen an eng optimal Clientsbetreiung sinn dem Andy Schleck an senger Equipe immens wichteg. Dofir gëtt et ë.a. och dee sougenanntenen “Fitting-Studio”, an deem een sech op Rendez-vous de perfekte Vëlo dank enger Hightech-Vermoossung kann zesummestelle loossen. “Andy Schleck Cycles” bitt Vëlosreparaturen an Entretiensaarbechten an engem 24 Stonnen -Delai un, inklusiv gratis Ofhuel-a Liwwerservice. Wien op engem Vëlostour laanscht kënnt , kann e spontane Schnell-Entretien maache loossen oder säi Vëlo duerch eng speziell Wäschstrooss schécken. Fir déi, déi drun interesséiert sinn, e Vëlo ze kafen, sti vill Testvëloen zur Verfügug.

Ob Vëlossportler oder Fan, eng Paus muss sinn! Am klenge Café vum Geschäft kritt Dir divers Gedrénkser a geschwënn och Klengegkeeten ze iessen. Hei gëtt net nëmmen iwwert de Vëlossport diskutéiert, well och d’Leit aus dem Duerf komme gär op e Kaffi beim Andy laanscht.

Good Idea : Och jonk Vëlosfuerer gi gär gutt betreit. Et gëtt eng speziell Offer fir Kanner, d'Méiglechkeet, eng Kommiounslëscht ze maachen, grad wéi eng Vëlosschoul mat Tipps vum Profi Andy Schleck.

Andy Schleck Cycles


2, rue des Prés
L-5972 Itzig

 +352 27 48 14 1

 info@asc.lu
 
 Méindes bis freides vun 10 bis 18 Auer. Samschdes vun 9 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché