Flirty Fitness dat si méi wéi 15 verschidde witzeg a flott Aktivitéiten, mat deenen dir a Form kommt. Am engleschsproochege Raum ass “Pole-Fitness” schonns ee Begrëff, an elo gëtt et dat och zu Lëtzebuerg.
An dësem aussergewéinleche Fitnessstudio kennt dir an enger flotter Atmosphär eppes fir är Gesondheet maachen. Méi wéi 15 verschidde Couren gi proposéiert wéi, Zumba, Bikini Boot Camp, Sexy Flexy, Chair Dancing, Pole Dancing, Yogalate, Pregnancy Cocooning a Fit Mama. D’Cliente fannen fir all Liewenssituatioun dee richteg Cours fir sech gutt an hirem Kierper ze fillen.
Samschdes nomëttes ginn et “Master Klassen”. Do steet zum Beispill Striptease, Self-Defence, Choreographië fir Pole-Dancing um Programm. Ugebuede ginn awer och Coure wou een zum Beispill léiere ka fir säi Make Up selwer ze maachen.





Ëffnungszäiten op hirem Internetsite. 


