20 Nov 2015

Hëllef vum Meeschter bei Ärem Vëlo

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Philippe Hutmacher, fréieren aktive Vëlossportler, huet elo e weidere Meeschtertitel do hänken: dee vum Meeschter an der „Zweiradmechanik“. De jonke Lëtzebuerger begeeschtert zënter 2012 seng Clienten net méi als Coureur op der Strooss, ma als Mecanicien a sengem „Vëlosatelier“.

Hei ginn awer net nëmme Vëloe reparéiert oder modifizéiert, ma de „De Vëlosatelier“ bitt och eng grouss Wiel u Kannervëloen, E-Bikes, Coursevëloen a Mountainbikes, virun allem vun de Marke KTM an Giant. Aktuell am Trend sinn déi sougenannten „Fat-Bikes“, déi mat hiren extrem breede Pneue virun allem am Gelänn méi Grip bidden. Am „Vëlosatelier“ kritt Dir awer och all technesch Accessoirë fir Är Rennmaschinn, ausserdeem och Helmer a Vëlosschung.

De Philippe beréit Iech kompetent beim Kaf an der Maintenance, an dat gläich an e puer Sproochen. E-Bikes z. B. brauchen elo, wou de Wanter ufänkt, e bësse Fleeg, fir datt Dir am Fréijoer wuertwiertlech erëm mat voller Energie kënnt lassleeën: Luet d’Batterie ganz op, baut se waméiglech aus dem Vëlo aus a lagert se dréchen a bei Zëmmertemperatur.

Fir Astellungen un Ärem neie Vëlo, Maintenance oder Reparaturen u gebrauchte Vëloe garantéiert „De Vëlosatelier“ séier a kompetent Hëllef am eegenen Atelier. Dir braucht net méi wochelaang op Är ageschéckte Komponenten ze waarden. Bannent enger Woch sëtzt Dir erëm fest am Suedel!

Good Idea : „De Vëlosatelier“ këmmert sech selwer ëm ganz vill Reparaturen a garantéiert, datt Dir Iech no spéitstens fënnef Schaffdeeg mat Ärem Vëlo erëm kënnt op den Tour maachen.

De Vëlosatelier


110, route d’Arlon
L-8211 Mamer

 +352 27 39 76 12
 +352 26 31 13 35

 info@velosatelier.lu
 
 Méindes vun 14 bis 20 Auer. Denschdes vun 7.30 bis 14 Auer. Mëttwochs bis freides vun 10 bis 12.30 a vun 14 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 10 bis 15 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché