31 Aug 2012

Lassner Sports & Fun

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Net nëmme bei de Kanner fänken d’Aen un ze liichten, wa se bei den “Lassner Sports&Fun” , de Buttek fir Spillsaachen a Fräizäitartikel, erakommen. Och Erwuessener dierften an d’Schwärme geroden, wa se all déi Präzisiounsmodellen, Modelleisebunnen a Sportsdraache gesinn.

De Lassner ass en Traditiounshaus, dat fréier op Geschir a Cadeaue spezialiséiert war an haut nieft Cadeausartikele virun allem Spillsaachen ubitt. Ausserdeem fënnt een hei Zirkus – an Zaubereiartikelen. D’Unerkennung vum groussherzoglechen Haff gouf et mam Titel “Fournisseur de la Cour” scho viru méi wéi 100 Joer fir de Grousspapp vum haitege Proprietaire.

Och an der drëtter Generatioun ass een nach houfreg op deen Titel – wou e jo op besonnesch Aart a Weis fir d’Qualitéit an de Service vum Haus steet.

Good Idea : De Lassner bitt Iech vun top-aktuelle Spillsaachen a Fräizäitartikelen iwwert klassescht Spillgezei eng grouss Auswiel un.

Lassner Sports & Fun


3, rue de la Reine
L-2418 Luxembourg

 +352 22 95 96
 +352 22 01 19

 raymond.schreiner@lassner.lu
 
 Méindes vun 13 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 9.30 bis 18.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché