28 Dec 2011

Pidal Walferdange

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

“PIDAL” steet fir Fitness, Wellness a kierperlecht Wuelbefannen. D’Schwämm zu Walfer begeeschtert duerch hir breet gefächert, héichwäerteg Offer.

E grousse Baseng an ee méi e klenge Baseng mat agreablen 32 Grad : dat mécht Loscht op Schwammen. Pur Entspanung bitt de moderne Wellnessberäich: klassesch Sauna, orientalescht Dampbad, finnesch Blockdillesauna, duerno an den Ofkillbaseng an un den Äisbur.

PIDAL bitt iwwert all dës Klassiker eraus awer nach méi: Floaten am Mierwaasserbaseng, éischtklassesch Kosmetik- a Massagebehandlungen am PIDAL-Spa, Téistatiounen, Rouzone mat oppenem Kamäin, luxuriéis Ambiance an den Eenzel-an Duebelkabinnen. An net zulescht: Fitnessberäich a Restaurant.

Good Idea : Déi individuellst Manéier fir z'entspanen: gemeinsam an d'Sauna goe mat Frënn an enger thematescher Sauna-Suite!

Pidal Walferdange


rue des Prés
L-7246 Walferdange

 +352 33 91 72 1

 info@pidal.lu
 
 Informatiounen op der Pidal Internetsäit.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché