24 Apr 2015

Sou mécht Vëlofuere Spaass!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Am Grand-Duché ass gutt Vëlofueren: 23 Weeër mat enger Gesamtlängt vu ronn 600 km verbannen déi verschidde Regioune vu Lëtzebuerg mateneen. A wien ouni Hiwwele wëll ënnerwee sinn, dee kënnt enges Daags och bestëmmt bei L.S. Sports zu Schieren laanscht. Dat spezialiséiert Vëlosgeschäft läit nämlech direkt um Vëloswee PC15, deen d’Regioun Zentrum an Ettelbréck matenee verbënnt.

Op 300 m² Verkafsfläch fannt Dir eng grouss Auswiel u Vëloe wéi Mountainbikes, Coursevëloen, Trekkingvëloen, Kannervëloen an zesummeklappbar Vëloen. E-Bikes kritt Der hei och. De Proprietaire a Vëlosfan Pierre Linden ass sech sécher, dass E-Bikes am Verkéierskonzept vun der Zukunft eng wierklech Alternativ ginn. Am Shop fannt Dir och Funktiounsgezei wéi z.B. Vëlostricoten, technesch Accessoiren an e klengt Sortiment u Sportlernarung.

De Pierre Linden a seng Equipe si Profien, wat d’Zweerieder ubelaangt. An hirem Atelier maachen se Reparaturen an den Entretien (no engem Devis). A propos : D’Fréijoer ass d’Zäit fir den Entretien. Op wat sollt een oppassen? Hei de Rot vum Expert:

  • Profil a Loftdrock vun de Pneuen iwwerpréiwen (mam E-Bike kann een 30% manner wäit fueren, wann den Drock nëmmen 1 Bar ënnert dem optimale Wäert läit)
  • kucken, ob d’Pneue keng Rësser hunn (wann se méi al wéi 5 Joer sinn, da besser wiesselen)
  • d’Kette botzen an uelegen
  • d’Bremse kontrolléieren (d’Bremsgummie wiesselen, wa se ofgenotzt oder schonn zimlech al sinn)

 

Good Idea wënscht vill Spaass beim Vëlofueren!

Good Idea : Fir Leit, déi net dacks fueren oder fir Touristen: Bei L.S. Sports kënnt Dir Vëloe vu verschiddene Kategorië lounen. Sollt Dir Iech spéider decidéieren, de Vëlo ze kafen, kritt Der de Locatiounspräis op de Kafpräis ugerechent.
Dëst Geschäft ass mobilitéitsméisseg eng "gréng" Oas.

L.S. Sports


27, rue de la Gare
L-9122 Schieren

 +352 81 84 95

 info@ls-sports.lu
 
 Mäerz bis September: méindes bis freides vun 7.30 bis 19.30 Auer, samschdes vun 9 bis 18 Auer. Oktober bis Februar: méindes vun 14 bis 18 Auer, denschdes bis freides vun 9 bis 18 Auer, samschdes vun 9 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché