Den Office du Tourisme huet virum Kuerzem eng nei Internetsäit lancéiert: www.velo-tours.lu. Et gëtt se op Däitsch, Franséisch, Englesch an Hollännesch. Ob der Websäit fannt dir Informatiounen iwwer Velos-a Mountainbiketouren zu Lëtzebuerg. An der Fotosgalerie gesitt dir d’Highlighte vun de verschiddenen Touren. An der Beschreiwung fannt dir den Depart an d’Arrivée, d’Héichten an d’Déiften. Iwwer ee Link kennt Dir eng detailléiert Kartographie eroflueden oder kucken. D’Informatiounen erlaben Iech är perséinlech Fäegkeeten ze moosse éier der fortfuert.
Op der Websäit fannt der och praktesch Linken an Adressen, wou der schlofe kennt “Bed and Bike” an och wou ee Vëloe loune kann an Informatiounen iwwer den ëffentlechen Transport. Och organiséiert Touren zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ginn och proposéiert. An der Rubrik “Reiseführer und Karten” kënnt dir de läschten “Best Of” eroflueden, an deem et em Sport- a Velosoffre geet an dee vum Lëtzebuerger Tourismusministär editéiert gëtt.
Matgedeelt vum Office National du Tourisme











