09 Jan 2014

Waasserspaass, Fitness a Wellness am héijen Norden

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Freet Iech op méi wéi 3.500 m² Spaass am “AquaNat’Our”! Dës Erliefnis-Schwämm huet Enn 2013 hir Dieren opgemaach a lackelt am Schwammberäich mat engem Sportsbaseng, enger Sprangbucht, engem Léierbaseng an der Rutschbahn “Red Slide”. Den innovative mobile Fong (Buedem) erméiglecht eng flexibel Waasserdéift, wat et erlaabt, Aquafitness-Coursen unzebidden.

D’Saunawelt erstreckt sech iwwert e Baussen- an e Banneberäich a garantéiert mat enger Blockhaussauna, enger Séisauna, enger Biosauna, engem Dampbad (Hammam) an enger Finnescher Sauna maximal Erhuelung. Eng agreabel Ofkillung bitt e Bad am Naturweier am Gaart vun der Thermenanlag.

Déi, déi sech fir Fitness begeeschteren, wäerten d’Offer vum neie Studio AquaNat’Our AKTIV ze schätze wëssen. En ass equipéiert mat héichwäertege Geräter an engem speziellen Zentrum, fir ofzehuelen.

Good Idea : Am familljefrëndleche Restaurant "La F'Ourchette" erwaart Iech eng frësch regional Kiche mat internationalen Aflëss.

Waasserspaass, Fitness a Wellness am héijen Norden


1a, Parc
L-9836 Hosingen

 +352 24 51 99 00

 info@aquanatour.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 8 bis 22 Auer. Sonndes vun 9 bis 22 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché