03 Feb 2014

Profi-Fitness fir bei Iech doheem

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Iech ass de Wee fir an de Fitness-Studio ze wäit an Dir leet kee Wäert op Powershakes um Comptoir oder ustrengend Showlafen am neisten Outfit? Bleift einfach doheem… an trainéiert un den eegene Geräter!

Den neien “Fitness Kompetenz Center” zu Miersch bitt Iech dofir net nëmmen eng riseg Auswiel u renomméierte Marke fir Fitnessgeräter (Kettler, Horizon, Life Fitness, Adidas, Reebok, WaterRower an anerer), mee och e professionelle Service vun der Auswiel bis bei den éischten Training doheem. Muskel- an Ausdauertraining, Boxsport, Dëschtennis – d’Geräter an d’Accessoirë kritt Dir all am Geschäft presentéiert an Dir kënnt se natierlech gär mat den néidegen Uweisungen op der Plaz testen.

D’Fitness-Experte ronderëm de legendäre Lëtzebuerger Sportler Alex Kapp plangt Är Fitness-Fläch bis an den Detail a Personal Trainere encadréieren Äert éischt Gewiichtschwénge gär mat nëtzlechen Tuyauen! All d’Geräter sinn iwwregens op Stock an Dir kënnt se direkt mathuelen. Op Wonsch gi se och geliwwert (och an d’Groussregioun) a bei Iech doheem opgeriicht. An dann heescht et “Lass mam Schweessen!”

Good Idea : Fitnessprofie plangen Äre perséinleche Studio a begleeden Iech vun der Auswiel bis bei den Training doheem!

Profi-Fitness fir bei Iech doheem


11a, allée John W. Leonard
L-7526 Mersch

 +352 26 31 63 23

 
 Méindes bis freides vun 9 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 9 bis 18 Auer, sonndes vun 10 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché