20 Oct 2014

Ganz entspaant -Wellness zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren

Mam Hierscht a mam Wanter kommen elo nees déi Joreszäiten, an deenen d’Wellnessméiglechkeete ganz gefrot sinn. Besonnesch, wann et owes fréi däischtert gëtt an d’Wieder schlecht ass, gëtt et wuel näischt méi Agreabeles wéi am waarme Waasser vun engem Whirlpool ze entspanen, an der Sauna ze schweessen oder déi wueleg Wäermt vun engem Dampbad ze genéissen.

De Grand-Duché bitt Iech eng ganz Rei vu Wellnessméiglechkeeten. Déi sinn all modern equipéiert an erlaben duerch e perfekten Design eng maximal Entspanung- fir Kierper a Geescht! Op ville Plazen hutt Dir d’Méiglechkeet, un der Saunabar eppes Klenges ze iessen an ze drénken. An ier Dir Iech an de Vestiairen d’Fro stellt, ob mat oder ouni Maillot … hei ass direkt d’Äntwert: Zu Lëtzebuerg geet een ouni Kleeder an d’Sauna!

Mir hu fir Iech e puer Good Ideas ronderëm de Wellness zesummegestallt. Dir kënnt eis och gär Är gutt Iddi matdeelen!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché