Mat der Fussball-Europameeschterschaft ass zënter e puer Deeg nees de Sport an de Mëttelpunkt geréckelt.
Och wa Lëtzebuerg mat senger Nationalequipe leider net vertrueden ass, gëtt et jo awer zwee Nopeschlänner, déi fir den Titel kämpfen -also gutt Grënn fir mat ze féiweren – an ausserdeem huet ee sou vläit e bësse Fräiraum, fir selwer Sport ze dreiwen! Lëtzebuerg bitt vill Méiglechkeeten dofir, z.B. e gutt ausgebautene Reseau vu Vëlosweeër, Mountainbikesstrecken a Wanderweeër. Dobäi kënnt eng attraktiv Infrastruktur mat ville verschiddene Plazen, fir Sport ze maachen.
Fir de richtegen Equipement fannt Dir beim Lëtzebuerger Eenzelhandel sécher déi bescht Berodung! A wann Der bei der Fussball-EM gär mat aneren zesumme feiert, da kuckt Iech hei eis Recommandatioune fir de Public-Viewing un:













