12 Jan 2015

E Pop-up Spa nëmme fir Iech!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bestëmmt kennt Dir schonn deen een oder anere sougenannte Pop-up-Store, also Geschäfter, déi kuerzfristeg opmaachen an ausgefale Produiten (Moud) ubidden. An e Pop-up Spa? Dës Iddi huet d’Dorothy entwéckelt. D’Wuelfill-Spezialistin ass ënnert dem Numm “SPA Anywhere…anytime” wuertwiertlech qausi ëmmer an iwwerall fir Iech an Äert Wuelbefannen do.

D’Dorothy an hir Kollege komme bei Iech heem, an den Hotel oder an de Büro. Ier et lassgeet, gëtt fir eng agreabel Atmosphär gesuergt … e puer Käerzen, entspanend Musek. Eng ganz Rei vun Traitementer, déi de Stress reduzéieren, entgëften, Verspanunge léisen oder einfach fir Äert Wuelbefanne suergen, ginn ugebueden. Dobäi gëtt exklusiv mat natierleche Produite geschafft (Ueleger, Crèmen, Peelingen,…).

Ganz ausgefalen ass eng Massage mat gliddege Muschelen … si léist och Verspanungen, déi déif sëtzen. Fir datt Dir no Ärem Traitement net direkt nees e Réckfall kritt, ginn et och nach gutt Tuyaue fir doheem. Wellness als Event? Kee Problem! Frot d’Dorothy no hire speziellen Offeren.

Good Idea : Wellness do, wou Dir et braucht, an der Woch (och owes) an de Weekend!
Nëmme Bio-Produiten an natierlech Produite kommen hei an den Asaz.
Äre Rendez-vous kënnt Dir ganz einfach online op spaanywhere.lu ausmaachen. Do fannt Dir och all d'Massagen, déi ugebuede ginn a wéi d'Disponibilitéite sinn.

SPA Anywhere




 +352 621 647 637

 info@spaanywhereanytime.lu
 
 Nach Vereinbarung.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché