23 Jan 2014

Entspanen am stilvollen Hotel-Spa

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Huelt Iech e puer Stonnen Auszäit an daucht am Sënn vum Wuert mol richteg of … am neie luxuriéise Spa-Beräich vum Alvisse Parc Hotel. D’Häerzstéck ass dee grousse Bannepool, deen sech mat senger bloer Beliichtung perfekt an de beige a wäiss gehalene Kader integréiert.

Eng Sauna mat dräi Temperaturzonen, en Hammam, e Raum fir ze raschten, e Kamäin an eng kleng Bar – keng Wënsch bleiwen do op. Praktesch: D’Hotelgäscht hunn direkten Accès vun hiren Zëmmeren an de Spa . Fir Gäscht vun dobausse sti Vestiairen zur Verfügung. Geschwë ginn iwwregens an engem spezielle Beräich professionell Massagen ugebueden.

Virum Wellness-Programm invitéiert Iech de fuschneie Fitnessraum mat ë.a. Vëloen, Stepper a Geräter fir de Kraafttraining op de Workout. A wann nom Training an der Entspanung de Bauch grommelt, da preparéiert Iech de Restaurant “La Véranda” gär eppes Guddes fir ze iessen.

Good Idea : Och extern Gäscht kënne vum neien, moderne Spa profitéieren!

Entspanen am stilvollen Hotel-Spa


120, Route d’Echternach
L-1453 Luxembourg

 +352 43 56 43
 +352 43 69 03

 
 All Dag vun 7.30 bis 21.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • schmitt: 2014-07-26 11:59:52
    Espace super, très beau décor, j'y suis resté toute la journée! Le massage était extra!!!! on ne s'ennuie pas, et pour les personnes qui viennent de l'extérieur: quand vous prenez rdv dans l'institut, l'entrée pour les activités sont gratuites! En tout cas, moi c'est sûr j'y retournerais!!
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché