13 Jan 2012

Syrdall Schwemm

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D'”Syrdall Schwemm” zu Nidderaanven gehéiert definitiv zu den Top-Adressë vun der Lëtzebuerger Schwämmen- an Thermelandschaft: en architektonescht Highlight mat enger breet gefächerter Offer fir e perfekte Wuelfilldag!

Am Schwammberäich bitt d'”Schwemm” e klassesche Schwammbaseng, e Baussebaseng mat Spruddelbänken a Stréimungskanal, e Fräizäitbaseng mat Schwallduschen a Spruddelbänken, e Baseng fir Bëbeeën a kleng Kanner grad wéi eng 65 Meter laang Waasserrutsch.

An der Saunawelt erwaart Iech eng finnesch Bannen- a Baussesauna, en Aroma-Dampbad mat Stärenhimmel an eng Biosauna. Fir sech ofzekille kann ee vum Äisbuer, dem Tauchbaseng an den Erliefnesdusche profitéieren – an net ze vergiessen: e Spadséiergang am Saunagaart. Aqua-Fitness-Coursen, speziell Owender “Schwemm-Lights” an e Bistro maachen d’Offer komplett.

Good Idea : Eng Offer fir sech ronderëm wuelzefillen an engem moderne Kader zu familljefrëndleche Präisser, dat alles gëtt et och fir ze verschenken.

Syrdall Schwemm




 +352 34 93 63 1
 +352 34 93 63 20

 kontakt@syrdall-schwemm.lu
 
 Infos op dem Internetsite vun der "Syrdall Schwemm".
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Hélène: 2013-01-29 20:00:06
    Syrdall ist ein schönes Schwimmbad ,geh jede woche einmal zum schwimmen .Toll ist dass man auch draussen schwimmen kann ,und zu gleich ein bissien Wellness hat .
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché