06 Aug 2012

Zen-Attitude

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hei kënnt Dir richteg entspanen an et Iech gutt goe loossen: „Zen-Attitude“ huet sech op Thai-Massagen, Ortho-Bionomie a Reiki spezialiséiert. Otemt déif duerch a loosst den Alldag hannert Iech! D’Raimlechkeete vu Zen-Attitude si ganz am thailännesche Stil gehalen. Traditionell thailännesch an och europäesch Methode brénge Kierper a Séil erëm an d’Gläichgewiicht. Eng professionell an diploméiert Equipe këmmert sech ëm Iech.

Nei bei Zen-Attitude: Ortho-Bionomie (am Moment gëtt dëst Behandlungskonzept zu Lëtzebuerg just vu Zen-Attitude ugebueden). Déi ganz natierlech an duuss Method kënnt aus der Osteopathie, berücksichtegt awer och d’Physis, d’Gefiller an den Energiefloss am Kierper (weider Infoen dozou ënner www.ortho-bionomy.lu).

Good Idea : Bréngt Kierper a Séil erëm an Aklang – entspaant Iech an exotescher Atmosphär op eng natierlech Aart a Weis.

Zen-Attitude


30, rue des Romains
L-8041 Strassen

 +352 621 252 122

 info@zenattitude.lu
 
 Op Rendez-vous vun méindes bis freides vun 10.00 bis 21.00 Auer, samschdes vun 10.00 bis 18.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché