15 Dec 2014

Chrëschtdagscadeauen a Wantersolden

vun Good Idea | Kommentéieren

Geschwënn ass Chrëschtdag a wien elo nach net all d’Cadeauen zesummen huet, muss sech tommelen. Wien am Grand-Duché akeeft, huet Chance, well de véierten Adventssonndeg (den 21.12.) ass nach eng Kéier a ville Gemenge verkafsoppene Sonndeg! Kuckt an eisem Kalenner no, op wéi enge Plazen op ass.

Am neie Joer geet et dann ouni Ënnerbriechung weider mat de Shopping-Highlights! Vum 2. bis den 31. Januar 2015 sinn am ganze Land Wantersolden. Dat ass de Moment, wou vill Geschäfter am Land mat speziellen Offeren an héije Remisë lackelen!

Mee d’éischt wënscht d’Equipe vu Goodidea.lu Iech schéin a besënnlech Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2015!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché