Net vergiessen: déi bescht Affäre mécht een vun elo un an nach bis de 14. Juli bei de Summersolden, an dat am ganze Land! An dësen zwou Woche muss alles eraus aus de Rayonen! Wann déi franséisch Noperen de 14.7 hiren Nationalfeierdag feieren, sinn zu Lëtzebuerg d’Butteker natierlech op – déi lescht Chance, fir nach vun de Solden ze profitéieren.
Zu Esch/Uelzecht ass deen Dag déi traditionell “Journée française”. Um franséische Radiosender Lor’FM stelle sech tëscht dem 4. an 10. Juli sechs lëtzebuergesch Uertschafte/Butteker vir. Wann Der d’Emissioun lauschtert (lauschtert hei), kënnt Der – virausgesat, Dir verstitt e puer Wuert Franséisch – interessant Saachen iwwer de Lëtzebuerger Handel gewuer ginn. Ausserdeem ginn et sechs Akafsbongen vun allkéiers 250 Euro ze gewannen.
Partner sinn: Auchan Luxembourg, Belval Plaza Shopping Center, Citabel, Shopping Center La Belle Etoile, Rackstore an Esch/Uelzecht. E Bong kënnt Der och iwwer d’Internetsäite vu Lor’FM gewannen. Bonne chance!














