30 Jan 2017

Vältesdag – Zäit vun de Gefiller

vun Good Idea | Kommentéieren

De 14. Februar ass Vältesdag! Maacht deen Dag zu engem besonneschen Erliefnes fir Iech an Äre Partner oder Är Partnerin. Klassiker ënnert de Cadeaue si Blummen a Knippercher. Déi Lëtzebuerger Fleuristen erwaarden Iech mat spezielle Kreatiounen an erfëllen och gär Är ganz individuell Wënsch. Geheit mol e Bléck an eis Kategorie “Blummebutteker“.

Ënner “Gourmandisen” kritt Dir Iddie fir Är perséinlech Formel vun der séisser Verféierung. Schléisst den Dag mat engem Besuch am Restaurant of a schenkt Zäit, fir zu zwee ze genéissen. D’Gastronomie zu Lëtzebuerg léisst keng Wënsch onerfëllt, wéi eis Kategorie “Restauranten” et weist. Entspanung zu zwee bidden iwwregens och vill Wellnesszentren am Land. Eng Auswiel fannt Dir hei.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché