30 Mar 2014

Oppene Sonndeg a “Vide Grenier“

vun Good Idea | Kommentéieren

Wéi wier et nächste Sonndeg (6. Abrëll 2014) mat engem relaxe Shopping-Dag an der Stad? Am Summer kënnen d’Geschäfter an der Stad hir Dieren all éischte Sonndeg vum Mount opmaachen.

Fänkt den Dag mat engem Bummel iwwer de Knuedler un. Vun 10 bis 17 Auer gëtt do e Floumaart (“Vide Grenier”)ofgehalen, wou een esou muenech flott, al an interessant Stécker ka fannen, déi virdru jorelaang op de Späichere vun de Lëtzebuerger verstëbst sinn.

Profitéiert an der Mëttesstonn vun deene villfältege gastronomesche Méiglechkeeten an huelt Iech e bëssen Zäit, fir duerch d’Alstad oder deen een oder anere Park ze trëppelen. Vu 14 bis 18 Auer ass da Shopping-Time! Esou eng Diversitéit vun internationale Marke wéi am Lëtzebuerger Eenzelhandel gitt Dir net dacks sichen. D’Linnebusse vun der Stad sinn iwwregens deen Dag gratis. Weider Infoe fannt Dir op vdl.lu!

Äre Sonndesausfluch an dräi Wierder: Bummelen, shoppen, entspanen. Wëllkomm zu Lëtzebuerg! Weider Infoe och op cityshopping.lu!

P.S. Déi weider Datume fir de Sonndes-Shopping kënnt Der Iech och schonn notéieren: 4. Mee, 1. Juni, 6. Juli, 3. August, 7. September a 5. Oktober 2014.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Stephan Lechner: 2013-04-07 20:52:47
    Too bad many (probably most) shops were closed.
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché