13 May 2013

Abitare

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Abitare ass schonn zënter e puer Joer bekannt fir modern Wunnkultur. Lo fannt Der d’Geschäft zu Dummeldeng a fonkelneiem Glanz: gréisser Renovatiounsaarbechten, Ännerungen an Ergänzungen an hirem Sortiment an net ze vergiessen d’Integratioun vum “Le Gourmet café” mat Epicerie a Comptoir fir kleng Molzechte maachen nees Freed beim Designmiwwelen- an Accessoirëkafen.

Op 3000 m2 Verkafsfläch fannt Dir Wunnkonzepter vun de Marke Kare, Xooon, Henders&Hazel a Fermob. Speziell d’Mark Xooon, eng jonk Designlinn mat engem gudde Präis-Leeschtungsverhältnis gëtt vun Abitare zu Lëtzebuerg exklusiv ugebueden. Vu baussen huet Abitare iwwregens lo och en onverwiesselbaren Design kritt: Blo Glasfaserplacken bréngen d’Gebai (a sécher och Iech) a Wallung.

Good Idea : Dir kënnt bei Abitare net nëmme Gaardemiwwele kafen, me se och nach virdrun op der Sonnenterrass testen. Fir 40 Persounen ass do Plaz.

Abitare


1, rue Nennig
L-2214 Luxembourg

 +352 42 27 25 1

 
 Denschdes bis freides vun 10 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 10 bis 18 Auer a sonndes vun 10 bis 13 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché