08 Sep 2015

Alles ronderëm d’ökologescht Baue bei “Biobau”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bio-Liewesmëttel gëtt et mëttlerweil op ville Plazen ze kafen. Wann Dir awer net nëmme Bio um Dësch wëllt gesinn, mee och um Buedem, un de Maueren, am Daach an un der Fassad, dann ass d’Auswiel u Fachleit schonn net méi sou grouss. Zu Mënsbech fannt Dir mat “Naturata Biobau” e spezialiséiert Geschäft vun der besonnescher Aart, an deem Dir vill innovativ Produite ronderëm d’ökologescht Baue kritt.

De Kurt Bärtges, geléierte Baubiolog, erklaërt eis, dass bei de Produite vum Biobau-Sortiment virun allem véier Aspekter berücksichtegt ginn: Si solle gesondheetlech onbedenklech sinn, d’Ressourcë schounen, d’Bausubstanz schützen an en agreabelt Wunnklima garantéieren. Wann Haiser zum Beispill energetesch sanéiert ginn, kann een amplaz vun der üblecher Styroporisolatioun op déi thermesch Isolatioun vun der Mark “Udi Reco Fassade” zeréckgräifen. D’Holzfaseren, déi een dora fënnt, suerge fir en equilibréiert Klima an der Mauer a verhënneren esou d’Kondensatioun, déi hirersäits séier zu Schimmel géif féieren. Nieft änleche Méiglechkeete fir d’Bannenisolatioun bitt Naturata Biobau och Naturfaarwen ouni schiedlech Stoffer un. Manner bekannt sinn do z.B. Leemfaarwen, e rengen Naturproduit, deen aus Leem an Zellulos besteet. Natierlech loossen sech all d’Faarwen an Ärem Liiblingsfaarftoun mëschen.

En agreabelt Raumklima -och optesch- verbreeden déi vill Massivholz-Buedembeleeg, déi Dir bei Biobau fannt. Si komme gréisstendeeels aus europäesche Bëscher, wéi aus dem Siegerland oder dem Bayrischen Wald an Däitschland. Lino- a Korkbiedem grad wéi Tapis plain maachen d’Offer komplett. Aktuell wier awer Massivholz definitiv den “Renner”, erklaërt eis de Kurt Bärtges. Wien iwwregens säin Holzbuedem wëll opfrëschen, kritt bei Biobau Schläif- a Poléiermaschinnen (och fir auszeléinen).

Good Idea : Biobau huet laangjäreg Erfarung am ökologesche Bauen a beréit Iech kompetent. Dank Kooperatioune mat Handwierksbetriber ass ausserdeem garantéiert, dass d' Produite bei Iech op der Plaz professionell verschafft ginn!
Sou ass gudde Schlof garantéiert: Bei Biobau gëtt et eng grouss Auswiel un ökologesche Matratzen, Better, Decken a Këssen.

Naturata Biobau


13, rue Gabriel Lippmann
L-5365 Munsbach

 +352 26 15 17 580

 biobau@pt.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché