17 Jun 2015

Artistesch Miwwelen oder zweckméisseg Konscht?

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Franséisin Tine Krumhorn entwerft an hirem Atelier zu Déifferdeng Wunnwelten, déi der Phantasie Flilleke ginn. Ugefaangen huet et mat Këschten: D’Tine huet vun Zäit zu Zäit missen hir Objeten a Skulpture verpaken an op d’Rees schécken. Dobäi huet si sech net mat banale Kartongskëschten zefriddde ginn, mee huet hir Verpackunge selwer mat ganz vill Léift fabrizéiert- si huet also quasi a Konscht verpaakte Konscht verschéckt.

Aus den urspréngleche Verpackunge resp. Kartonge goufen dank enger gewësser Raffiness mat der Zäit eege Miwwelstécker. Zënterhier entwerft si Kommouden, Dëscher, Sëtzgeleeënheeten, Luuchten, Spigelen an Objete fir un d’Mauer. Dem Kartong ass si dobäi trei bliwwen, kombinéiert en awer ganz geschéckerlech mat anere Materialien, sou dass en eng erstaunlech Stabilitéit kritt. Dir mierkt: Konscht ze beschreiwen ass schwéier. An deem Sënn: Kommt am beschte mol perséinlech bei d’Tine Krumhorn laanscht kucken!

Good Idea : Vill Miwwelstécker sinn zwar vum franséische Klassizismus vum 18. Joerhonnert inspiréiert, loossen sech awer ouni Problem an eng modern Wunneng integréieren.
Entwéckelt mam Tine zesummen Äre perséinlechen Objet an huelt Iech en Unikat mat heem!

Atelier Tine Krumhorn @ 1535° Creativity Hub


115a, rue Emile Mark
L-4620 Differdange

 +352 691 128 589

 tinedeco@free.fr
 
 Op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché