02 Mar 2012

Ben&Pepper

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Aussergewéinlech an op Mooss gemaach, sou léisst sech d’Konzept vun der Ben&Pepper Boutique wuel am beschte beschreiwen. Individualitéit steet do am Mëttelpunkt! Exklusiv Miwwelen, déi dem Wonsch vum Client ugepasst sinn, grad wéi Eenzelstécker, wéi zum Beispill al Fotellen, déi modern opgepeppt goufen.

Am Geschäft fannt Dir och alles, wat Äert Doheem gemittlech mécht an em e perséinlechen Touch gëtt, z.B. Textilie fir d’Haus. Loosst Iech inspiréiere vu ville Cadeausiddien a Produiten, déi vun onofhängege Kënschtler a klengen Designstudioen aus der ganzer Welt kreéiert gi sinn. Och déi lokal Konschtzeen fënnt bei Ben&Pepper eng Plattform, wou se hir Wierker weisen a verkafe kann.

Gär këmmeren sech d’Experten aus dësem aussergewéinleche Geschäft och drëm, Är al Liiblingsmiwwelen op eng kreativ Manéier opzefrëschen. Bei Ben&Pepper ass de ganze Buttek iwwregens mat vill Léift “recycléiert”. E ganz besonnescht Shopping-Erliefnes!

Good Idea : Gestalt Äert Doheem ganz individuell mat aussergewéinleche Produiten a Miwwele vu Ben&Pepper.

Ben&Pepper


21, avenue de la Liberté
L-1931 Luxembourg

 +352 26 19 61 94

 hello@benandpepper.com
 
 Vun denschdes bis samschdes vun 10.00 bis 18.00 Auer. Sonndes op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 3 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché