18 Feb 2013

Boutique-Atelier Paramonti

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Schatzkëscht, Insel vun der Rou a virun allem Paradäis fir Leit, déi no eppes ganz Besonneschem sichen: De “Paramonti” zu Hamm ass Boutique an Atelier an engem. D’Monique Becker léisst sech hei net nëmme bei hirer Aarbecht iwwer d’Schëller kucken, mee verkeeft nieft hire Wierker och Dekoratiounsartikelen a saisonal Arrangementer respektiv Gestecker.

Dofir geet déi geléiert Decoratrice dacks och gär an de Gaart op d’Sich – eng Plaz, déi iwwregens och hir Gäscht beandrockt. Deene bidden d’Monique Becker an hire Mann gär eng Taass Kaffi a selwer gebakene Kuch un. Am Paramonti gi reegelméisseg Ausstellungen organiséiert, z.B. ëm Chrëschtdag an Ouschteren.

Good Idea : E ganz besonnescht Akafserliefnes : exklusiv an ausgefale Produiten, en eenzegaartege Kader a perséinlech Berodung!

Boutique-Atelier Paramonti


48, rue Haute
L-1718 Luxembourg

 +352 621 197 787

 info@moniquebecker.lu
 
 Donneschdes a freides vun 10 bis 18 Auer. Samschdes vun 10 bis 16 Auer. An op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché