26 Sep 2014

Dausend kreativ Iddie fir Är ganz besonnesch Momenter

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Besonnesch Evenementer am Liewe géif een am léifsten ni vergiessen … dobäi hëllefen Iech déi kreativ Aarbechte vum “Studio Mick”. “Mick” steet fir “Les Mille Idées de Caroline Kaiser”, also fir der Caroline Kaiser hir dausend Iddien.

Déi grouss Offer u Kaarten, Mini-Albumen, Këschten, bespaante Rummen a villem méi maachen Är schéinst Momenter nach méi schéin a schafe wäertvoll Erënnerungen: D’Caroline Kaiser schneit all Optrag wuertwiertlech op de Client zou … sief et fir Hochzäiten, Gebuerten, Kommiounen oder Konfirmatiounsfeieren, Jubiläumen oder Gebuertsdeeg. Vum Design bis bei den Drock gëtt alles am eegenen Atelier gemaach.

Ganz beléift sinn och hir Arrangementer fir Kannerpartyen. Doranner sinn Invitatiounskäertercher, Titercher mat Pin’s, Lieszeechen a Molbicher.

Good Idea : Dir kënnt vill Kreatiounen aus dem Studio Mick live beim nächsten "Lët'z go local"-Maart (4./5. Oktober 2014) gesinn a kafen: ë.a. och T-Shirten, Stempelen, Magnéiter a kleng Kuschelkëssen.
De Studio Mick bitt Iech vill Produiten am eegenen Onlineshop un.
Zënter Juli 2014 huet de Studio Mick offiziell de Label "Made in Luxembourg".

Studio Mick


36, rue de Weiler
L-3328 Crauthem

 +352 691 366 940

 caroline@studiomick.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché