30 Jan 2015

Deko-Shopping mat Suchtfaktor

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir kennt dat… am Fong wollt ee just mol kuerz kucken, a schlussendlech huet een awer kaaft. Déi Gefor ass bei “Butlers” extrem grouss! Wéi mir fir d’éischte Kéier an déi éischt Lëtzebuerger Filial vun dësem Miwwel- an Accessoire-Buttek gaange sinn, war séier kloer, dass Shoppe bei Butlers e richtegt Erliefnes ass.

Accessoiren an Dekoratioun fir d’Kichen, d’Buedzëmmer an de Living sinn encadréiert vu Kaddosartikelen a Miwwelstécker. Butlers mécht Spaass, well vill Artikele wierklech e speziellen Design hunn… mol witzeg, mol verspillt, mol mat Referenz op historesch Virbiller, an natierlech och vill op d’Saison ofgestëmmt.

Good Idea : Bei Butlers fannt Dir vill super Kaddosiddien- déi meescht Saache géif een awer am léifsten direkt fir sech halen!
En Onlineshop fir Lëtzebuerg ass an der Maach. Bis deen awer online geet, kënnen all d'Artikelen aus dem aktuelle Butler-Katalog selbstverständlech an de lëtzebuergesche Filiale bestallt ginn.

Butlers


5, rue du Curé
L-1368 Luxembourg

 +352 26 60 00 77

 info@butlers.com
 
 Méindes bis donneschdes vun 10 bis 18 Auer. Freides a samschdes vun 10 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché