29 May 2014

Dem Bibiii seng faarweg Brieder

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Mat engem Skateboard kann ee cool duerch d’Stad fueren. Dat weess och d’Lëtzebuergerin Brigitte Engel. Si fiert gär Skateboard an huet Skateboarde gär. Hir kënschtleresch Oder war et du wuel, déi d’Bibiii (sou hiren “Markennumm”) op d’Iddi bruecht huet, d’Brieder selwer ze beaarbechten an anescht ze notzen.

Hir Brieder erzielen net nëmmen eng laang Skategeschicht – wat een un den natierleche Spure ka gesinn, – mee si ginn och vun hir handbemoolt. All eenzelt Briet ass iwwregens en Unikat. D’Bibiii mécht Kreepercher un d’Brieder a scho sinn et extrem cool Mantelbrieder – méi aussergewéinlechen Design am Gank oder am Zëmmer geet wuel kaum!

En anere Produit vum Bibiii ass eng Board-Luucht, en ëmgestalt Skateboard mat LED-Technik. Ganz stylesch!

Hei kritt Dir si ze kafen:

  • ‘Hook Boards’: Olliwood, 19, rue des Capucins, L-1313 Luxembourg
  • ‘Light Boards’: Stitch, 4, Grand-Rue, L-1660 Luxembourg

 

Good Idea : Super Kaddosiddie fir Skatefans!
Déi ëmgestalt Skateboarde sinn all handgemaach!
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché