01 Dec 2016

Den exklusiven Doft vun der grousser wäiter Welt

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hutt Dir och schonn eng Kéier d’Erfarung gemaach, dass an enger Parfümerie Är Sënner an enger riseger, méi oder manner synthetescher Doftwollek regelrecht beniwwelt goufen? Anescht ass et bei “Au plaisir des sens”. Wéi de franséischen Numm vum Geschäft et seet, wëll d’Lëtzebuergerin Carmen de Sënner (a virun allem dem Gerochssënn) vun hire Clienten eng Freed maachen.

An dat geléngt! Dir fannt an deem moderne Buttek vill Nischeparfümen, déi do exklusiv fir Lëtzebuerg verkaaft ginn. Bei eisem Besuch huet d’Carmen eis op eng besonnesch Weltrees matgeholl: vu London (Penhaligon’s) iwwer Paräis (E.Coudray) op d’Insel Capri (Carthusia) bis op New York (Mario Badescu).

Parfumen a Fleegeproduiten (fir Männer a Fraen), awer och Make-up, Bijouen, Dekoartikele fir d’Saison, Ambianceparfumen a Käerzen – e Fest fir d’Sënner, an dat Ganzt an Top-Qualitéit an an enger ganz agreabeler Ambiance.

Good Idea : Et gesäit aus wéi eng Tablett Schockela, richt awer anescht: Frot nom "Parfum d'armoire" a bréngt e gudden Doft z.B.an Äre Kleederschaf.

Au plaisir des sens


57, route de Luxembourg
L-7372 Lorentzweiler

 +352 26 33 46 47
 +352 26 33 46 48

 carmen@jegen.lu
 
 Méindes vun 14 bis 18 Auer. Denschdes bis freides vun 9 bis 12 a vun 13 bis 18 Auer. Samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché