21 Feb 2017

En Onlineshop fir Kreativproduiten

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Am Fong verkeeft de Lëtzebuerger Kënschtler Charles Maes seng kreativ Luuchten nëmmen op spezielle Mäert, mee d’Clientë wollte méi. An der Tëschenzäit kann een dës liichtend Konschtwierker d’ganzt Joer iwwer op der Internetsäit vum Kënschtler kafen. Op där Säit fannt Dir och Produite vu senge Kënschtlerkollegen.

” L’art et la lumière ” heescht schlicht an einfach dem Charles säi Geschäft, zu deem sengen aussergewéinlechste Kreatioune sécherlech och Objeten aus Bëtong  gehéieren. Vill Clienten interesséiere sech och fir Luuchte mat duerchsichtege Folien, op deene vun Déieren iwwer abstrakt Biller bis hin zu humoristeschen Elementer vill ausgefale Motiver ze entdecke sinn. Zesumme mat senge Kollegen entwërft de Charles z.B. och Dëscher aus Bëtong a Metall. Hei kritt e vun Experte vun der Ligue HMC Lëtzebuerg gehollef.

Gitt am beschte mol vun Zäit zu Zäit op dëser wierklech konschtvoller Internetsäit laanscht kucken, et gëtt d’ganzt Joer iwwer vill ze entdecken. Bei de Porte-ouverten hutt Dir ausserdeem d’Geleeënheet, d’Objeten an d’Kënschtler live ze gesinn. Informatiounen dozou gi mat Zäit iwwer Facebook matgedeelt.

Good Idea : Hei fannt Dir ëmmer kreativ, de Joreszäiten ugepassten Objeten.
Lokal Konscht online kafen? Dat ass hei kee Problem.
De Charles schafft net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee verschafft och Lëtzebuerger Materialien.

L’art et la lumière


225, route de Thionville
L-5885 Howald

 +352 28 77 51 93

 contact@artetlumiere.lu
 
 Dräi mol am Joer Portes ouvertes.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché