20 Apr 2016

Fantastesches aus Glas

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bei eisem éischte Besuch souz d’Lëtzebuergerin Millie Mack am Hallefschiet vun engem Bam mat zaartrosa Bléien an huet un hirem neiste Konschtobjet geschafft. Eng richteg Idyll… Hei am Südoste vum Land erwaart Iech eng richteg Minn u (Glas)Handwierkskonscht vun heiheem.

D’Milie Mack schaaft aus Glas wierklech fantastesch Gestalten, wéi zum Beispill Figuren a Gesiichter, mee och abstrakt Dekoratiounsartikel. Hir gliesen Tellere sinn engersäits verspillt wat Form a Faarwen ubelaangt, anerersäits awer dezent genuch, fir all Dësch oder Kommoud ze dekoréieren.

Raffinéiert sinn iwwregens och déi filigran Glaspärelen, déi Dir z.B. als Kette kafe kënnt. Beim Millie Mack ass awer net alles aus Glas … vill aner aussergewéinlech Dekoratiounsartikelen, Bijouen, Schalen a Posche maachen d’Sortiment komplett.

Good Idea : D'Millie Mack fabrizéiert verschidde Glasaarbechten och gär op Wonsch. Frot bei der Kënschtlerin no!
D'Glaskonscht gëtt am eegenen Atelier zu Remerschen produzéiert an dréit den offizielle Label "Made in Luxembourg".

Atelier Art et Verre Millie Mack


20, avenue des Bains
L-5610 Mondorf-les-Bains

 +352 621 250 666

 milliemack@pt.lu
 
 Mëttwochs bis sonndes vun 14 bis 18 Auer. An op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché