11 Jan 2016

Gemittlech wunne mat portugisesche Qualitéitsproduiten

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

U wat denkt Dir bei Kork? Sécher un de Stopp, an och wuel un de gudde Wäin, deen sech drënner verstoppt. Mee Kork ka méi! De José Lavandeira vun “Sopihouse” erkläert eis, dass Korkproduiten ideal si fir Buedem- a Wandbeleeg grad wéi fir Isoléierstoffer fir Gebaier.

Als Buedembelag kritt ee Kork bei Sopihouse a ville modernen an iwwerraschenden Designen a Qualitéiten. Och wann een de Kork net ëmmer gesäit, bleiwen d’Virdeeler vum Produit och bei zesummegesate Stoffer ëmmer bestoen: robust, thermesch agreabel, akustesch onopfälleg an als Naturproduit och fir Allergiker gëeegent. Sopihouse importéiert déi Produite vun der Mark “Wicanders” direkt aus Portugal, wou Kork e beléifte Baustoff ass.

Och iwwer Kork eraus sollt Dir bei Äre Bau- a Renovéierungsaarbechte Qualitéitsproduiten aus Portugal am A behalen. Kichen, Buedzëmmer an aner Miwwele kritt Dir bei Sopihouse op Mooss. Loosst Iech och dat grousst Sortiment u Keramikproduite vun de Marke Revigres, Recer, Aleluia ë.a. weisen. De Showroom ass iwwregens um zweete Stack vum Gebai vun der Baufirma Sopinor am Industriegebitt “Um Monkeler” zu Schëffleng.

Good Idea : Wann Dir schonn eemol zu Lissabonn waart, kennt Dir vläicht déi traditionell gemustert Plättercher … beim José kritt Dir Plättercher vun der Mark "Aleluia", déi Dir mat Ärem Wonschmuster impriméiere loosse kënnt – eng ganz exklusiv Offer.
Kork ass en honnertprozentegen Naturbaustoff. Korkproduite sinn dofir ouni Schadstoffer.

Sopihouse


70, Rue Romain Fandel
L-4149 Schifflange

 +352 24 51 48 64
 +352 24 51 48 08

 
 Méindes bis freides vun 9 bis 12 a vun 13.30 bis 19 Auer. Och op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Jacques TOUSSAINT: 2016-06-10 19:46:53
    Votre firme semble avoir des produits pour la rénovation-isolation
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché