19 Dec 2014

Glamouréis Deko fir jiddereen!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bei “Adore Decor by Bjorks” ass den Numm Programm: D’Asta Sigthorsdottir kënnt beim Thema Dekoratioun richteg an d’Schwäermen. Dat fält engem direkt op, wann een déi gebierteg Islännerin an hirem neie Geschäft zu Sandweiler net wäit vun der Stad besicht.

D’Asta huet zu London Design studéiert a schafft scho méi laang zu Lëtzebuerg als Innendesignerin. Bei “Adore Decor by Bjorks” kritt een elo en Abléck an hir ganz perséinlech Dekowelt. Am Moment sinn d’Faarwe Schwaarz, Wäiss, Anthracite a Sëlwer voll am Trend. Am Fréijoer kënnt dann nees méi Faarf an d’Spill.

Et kann een d’Auswiel u Käerzen, Këssen, Geschir, Vasen, Luuchten a villen aneren Dekoartikele wierklech als glamouréis bezeechnen …mee opgepasst: Glamour heescht hei net onerschwénglech. Well eppes läit dem Asta um Häerz: Schicken Innendesign zu akzeptable Präisser unzebidden.

An der neier “Boutique” fannt Dir ënner anerem Marken aus Holland, Schweden, Dänemark an Irland. A well d’Asta vill op Foiren ënnerwee ass, däerf ee gespaant sinn, wat fir Trends an der nächster Saison hire Wee bis op Sandweiler fannen.

Good Idea : O, wéi gutt dat richt … wann Dir Doftkäerze gär hutt, dann huet Adore Decor mat der Mark Max Benjamin ganz sécher dee richtegen Doft fir Iech!

Adore Decor by Bjorks


56, rue Principale
L-5241 Sandweiler

 +352 26 70 17 17

 Bjorks.interiordesign@gmail.com
 Denschdes bis freides vun 10.30 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 11 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché