13 Apr 2011

Grange

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Buttek Grange, vis-à-vis vum Cactus zu Bäreldeng verkeeft franséisch Miwwele wéi aus der gudder aler Zäit, just datt se eben net aal sinn, mä nei. D’Mark gëtt et zanter 1904 a Frankräich, an och haut nach produzéieren si ausschliisslech a Frankräich. All eenzelt Miwwelsteck gëtt vun Hand gehuwwelt, gebeezt a lackéiert, fir dann nach eng Patina ze kréien. De klassesche Stil entsprecht esou dem Gout an de Funktionalitéite vun haut. D’Better, Kommouden, Dëscher an d’Fotellë ginn a 40 verschiddenen Téin ugebueden.

D’Geschäft huet ee grousse Parking.

Good Idea : Och eng Kiche kënnt der vu Grange installéiert kréien. Si bidden Apparater vun de Marquen AGA an La Cornue un.

Grange


87, route de Luxembourg
L-7240 Bereldange

 +352-5158691
 +352-522336

 grange@pt.lu
boutiqueluxembourg@grange-home.com

 
 Vun Dënschdes bis Freides vun 9.30 bis 12.00 a vun 13.30 bis 18.00 Auer. Samschdes vun 9.30 bis 18.00 Auer. Méindes ass zou
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 4 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Frutz: 2011-04-19 11:00:28
    Echt tolles Geschäft wenn man den "Landhaus"-Stil mag..... ***
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché