10 May 2014

Käerzen aus Lëtzebuerger Produktioun

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Schonn zënter 1885 gëtt et zu Esch-Sauer am Norde vu Lëtzebuerg e klengen Handwierksbetrib, deen op traditionell Manéier Käerzen hierstellt. D'”Käerzefabrik Peters” huet dës Traditioun an den 90er Joren iwwerholl an expandéiert. Haut gi Joer fir Joer Dausende vu Käerzen zu Heischent produzéiert an an Handaarbecht dekoréiert.

Doduerch, dass héichwäerteg Matière première verschafft gëtt, entsti garantéiert éischtklassesch Produiten. Nieft de Käerze ginn och Käerzestänneren an aner Konschtobjeten hiergestallt. D’Haus Peters huet sech och op d’Restauréiere vun ale Käerzestännere spezialiséiert. Eng Auswiel vun iwwer 13000 Artikele fannt Dir am Geschäft op 300 m2 Fläch: Dekokäerzen, Käerze fir Gebuertsdeeg, Hochzäiten, Kanddafen, 1.Kommiounen, ausserdeem och Luuchten, Biller a villes méi.

Op der Internetsäit vun der Käerzefabrik gëtt et iwwregens eng Gebrauchsanweisung, wéi ee Käerzen am beschten ofbrennt.

Good Idea : Geheit e Bléck hannert d'Kulisse vun der Käerzeproduktioun: Et gi Visite-guidéeën op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Hollännesch.
All d'Käerze ginn an Handaarbecht zu Heischent hiergestallt. Individuell Wënsch kënnen dofir ouni Problem berücksichtegt ginn.

Käerzefabrik Peters


6, Clemensbongert
L-9158 Heiderscheid

 +352 89 91 97
 +352 83 98 90

 info@kaerzefabrik.lu
 
 Méindes bis freides vun 9 bis 12 Auer a vun 13 bis 18 Auer. Samschdes vun 9 bis 12 Auer a vun 13 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché