17 Apr 2016

Käerzendoft fir gutt Loft

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Wee bei dat Geschäft kënnt Dir mat zouenen Ae fannen, ëmmer der Nues no! En agreabelen Doft, eng Mëschung aus eleng 92 verschiddene Käerzenzorte vun der Mark “Yankee Candle” kënnt eis entgéint. “The Candle Shop” an der Stad ass de Spezialist fir Doftkäerzen.

Am Buttek teste mer eis duerch déi verschidden Zorten an erliewen deelweis e richtegen Doft-Flash! Éischten Test bei “Black Cherry”: D’Nues am Glas, a Gedanken allerdéngs scho matten an engem risege Kuerf voller säfteger, zeideger schwaarzer Kiischten. “Moroccan Argan Oil” ass eng Grëtz méi dezent an erwächt déi sënnlech Welten aus 1001 Nuecht. Vun der Mark Yankee Candle kritt Dir am Geschäft och Doftvariante fir an den Auto, Diffuseure fir dobannen an elektresch Meltwarmer fir agreabel Geréch ouni Flam. Net amerikanesch schrill, mee britesch elegant sinn d’Doftkäerze vun de Marken “Max Benjamin”, “Bomp” an “Shearer”.

Zu wat tendéiert Dir? Am beschten, Dir test mol selwer op der Plaz. D’Käerzenexpertë Manuel Steffen a Romain Schuler an hir Equipe erzielen Iech gär méi iwwer d’Geschicht vun de Marken, wat dran ass a wéi een se benotze kann. Iwwregens bidden Iech déi zwee schonn zënter ville Joren Doftkäerzen an hirem Blummebuttek “Fleurs Karblum” zu Rëmeleng un.

Good Idea : "The Candle Shop" verkeeft och déi sougenannten "Meltwarmer", déi Pads aus Wuess elektresch hëtzen an doduerch d'Geréch fräisetzen. Eng immens Saach fir Raim z.B., wou ee kee Feier däerf umaachen.

The Candle Shop


7, Grand Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 26 20 09 48

 mail@thecandleshop.lu
 
 Méindes vun 12 bis 18 Auer. Denschdes bis freides vun 10 bis 18 Auer. Samschdes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché