27 Feb 2017

Keng Deko, mee e Liewensstil

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bei Léif Lifestyle Essentials dréit sech alles (wéi den Numm et scho seet) ëm Liewensstil-Klassiker, déi schlussendlech awer alles anescht wéi klassesch sinn: Miwwelen an Accessoirë vu Bloomingville an Hübsch oder och Madame Stoltz. E ganz harmonescht Bild, dat sech de Clienten do presentéiert. An dësem Geschäft fir Wunndekoratioun ginn d’Faarwe Beige, Gro a Wäiss den Toun un a suerge fir Kloerheet a Wuelbefannen.

Fir dat gewëssent Extra suergen Notebooks vun der Mark Nuuna a Füllfiedere vu Kaweco. Aussergewéinlech sinn och déi minimalistesch Bijoue vun der jonker Designerin Agata Bielen, déi Dir hei kafe kënnt. Fir d’Buedzëmmer fannt Dir do Naturproduite vu Meraki; Amateure vu Käerze wäerten de Käerze vu Munio Candela net widderstoe kënnen.

Als besonnesche Service bitt Léif Lifestyle Essentials och d’Restauratioun vun Äre Fotellen a Canapéen un. Mat Stëfter vum engleschen Designers Guild kréien net nëmmen Är Miwwelen en zweet Liewen, mee och Ären Alldag kritt en neien, frëschen Touch.

Good Idea : Hei fannt Dir ausgefale Produite fir Är Wunneng an Dir kënnt souguer Är al Sëtzmiwwelen oppolstere loossen.
An d'Buedzëmmer gehéieren Naturproduiten … vun der Seef bis bei d'Doftkäerz fannt Dir hei alles.
An dësem Geschäft kritt Dir déi vill gefrote Postkaarten an Zerwéiten aus der Ben&Pepper-Kollektioun.

Léif Lifestyle Essentials


21, avenue de la Liberté
L-1931 Luxembourg

 +352 26 19 61 94

 moien@leif.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché