29 Nov 2012

mélange – Inspired by India

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Innovativ a ganz nei zu Lëtzebuerg: “mélange-inspired by India” ass e Conceptstore vun der besonnescher Aart a verbënnt een iwwer 1000m2 groussen Designer-Outlet mat Plaz fir Evenementer (“mélange Meeting Point”). Op véier Stäck verdeelt kënnt Dir bei mélange déi ganz Villfalt vun indesche Produiten entdecken: Miwwelen, Cadeausartikelen, Accessoiren, Teppecher, Textilie fir d’Haus, organesch Téizorten a villes méi.

D’Geschäft kritt seng Wuer direkt vun de Producteuren a bitt Iech dofir och en exzellent Präis-Leeschtungs-Verhältnis. Iwwregens kommen dobäi d’Aspekter Nohaltegkeet a sozial Kompatibilitéit net ze kuerz.

Bei mélange gëtt Wäert op Qualitéit, Design an Handaarbecht geluecht, hei gi vill Marken exklusiv fir Lëtzebuerg ugebueden, dorënner DeeZine, Illuminati, Organic India a Gundura. Erlieft indesche Flair zu Lëtzebuerg a genéisst niewebäi eng Taass Téi, zu där d’Equipe vu mélange Iech gär invitéiert.

Good Idea : D'Geschäft huet sech fir den "Social Fair trade" engagéiert: 10% vum Benefice ginn un ausgewielte Projeten an Indien an Afghanistan.

mélange – Inspired by India


1, rue Nennig
L-2214 Luxembourg

 +352 422 725 440
 +352 422 725 449

 info@melange.info
 
 Méindes bis samschdes vun 9.30 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Simon D: 2016-07-25 15:11:32
    super magasin avec un mobilier unique et de qualité. C'est très beau. Le service est très gentil et les prix à la hauteur de ce que l'on attend.
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché