08 May 2015

Miwwelen “Made in Lux” treffen op international Designermiwwelen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wie kann Iech am beschte bei Froen ëm d’Ariichte weiderhëllefen? Genau deejéinegen, dee Wunnwelte scho selwer konzipéiert a gebaut huet. Bei “Inside home&tailor” treffe Miwwelen, déi zu Lëtzebuerg op Mooss gemaach goufen, op exquisit Miwwele vun internationalen Designermarken, wéi zum Beispill, exklusiv fir Lëtzebuerg, d’Mark Piet Boon.

Déi lëtzebuergesch Inside Group presentéiert an hirem Showroom an der Stad Miwwelen an Accessoirë mat engem héijen ästheteschen Usproch. Wien z.B. a Saachen Dëschkultur modern Akzenter wëllt setzen, läit mat de Produite vun der Mark iittala genee richteg.

An der Schräinerei zu Zolwer fabrizéiert Inside home&tailor ë.a. Dressingen, Kichen a Bibliothéike ganz no Äre Wënsch. Fir professionell Clientë gëtt et ausserdeem nach d’Sektioun “Office&works”, wou fonctionnel an trendorientéiert Miwwele fir d’Aarbecht entstinn. Iwwerzeegt Iech selwer vun den Iddie vun dëser moderner Schräinerei!

Good Idea : Dank enger Partnerschaft mam Lëtzebuerger Hifi-Spezialist "L'audiophile" ass déi perfekt Integratioun vun Entertainment-Elementer an Är Wunneng guer kee Problem!
Op der Internetsäit kënnt Dir Iech vill Referenzobjeten ukucken.
Aarbechten op Mooss entstinn an der eegener Schräinerei zu Lëtzebuerg. Ausserdeem ginn am Geschäft reegelméisseg Produite vu Lëtzebuerger Designer ausgestallt.

Inside home&tailor


16, Côte d'Eich
L-1450 Luxembourg

 +352 26 18 80

 info@insidegroup.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché