31 May 2017

Natierlech spillen an ariichten

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann Dir Miwwelen a Spillsaachen aus handwierklecher Produktioun gär hutt an och nach Fan vun einfachem Design a klore Linne sidd, dann hätte mer hei eppes fir Iech: “Studio delle Alpi” ass eng Lëtzebuerger Entreprise, déi all dat kombinéiert. Gegrënnt gouf se vun zwee Designer, een aus der Automobilindustrie, deen aneren aus dem Kommunikatiounssecteur.

D’Produite sinn einfach, originell an aus héichwäertege Materialien, deelweis aus Holz, deelweis aus natierleche Verbundstoffer, an Europa hiergestallt. Den traditionelle Look an déi douce Faarwen erwäche bei de méi eeleren Amateure vun dëser Mark nostalgesch Gefiller, déi méi jonk Clientèle wäert einfach begeeschtert sinn, wéi super et sech mat Autoen, Elefanten, Huesen a Giraffen op Rieder spille léisst.

Nieft Spillgezei verkeeft Studio delle Alpi och verschidde Miwwelstécker, wéi z.b. Dëscher, Hockeren an dekorativ Kreatiounen – wéi d’Spillgezei sinn och si sober a funktionell.

Good Idea : D'Spillgezei suergt net nëmme bei deene Klenge fir Freed, mee erwächt och Retro-Gefiller bei deene méi Eeleren.
Et gëtt exklusiv FSC-zertifizéiert Holz verschafft. Gefierft gëtt mat Faarwen op Waasserbasis.

Studio delle Alpi




 +352 621 235 620

 office@studiodellealpi.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché