10 Oct 2015

Partyshop

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den Numm ass Programm: Am Partyshop fënnt een alles fir d’Party a fir sech ze verkleeden. Et waarden Honnerte vu Kostümen op Iech (och fir déi jéngst Gecken, also vu 6 Méint un), vill Partysaccessoiren a Ballonen! Wien elo un en normale Loftballon denkt, läit falsch, well de Partyshop bitt Iech Ballonen un, déi vum Ausgesinn a vun der Benotzung hier absolut extravagant sinn. Blummebouquete verschenkt jiddereen… wéi wier et mol mat engem Ballonsbouquet?!

Am Partyshop gitt Der alles iwwer innovativ Cadeausiddie gewuer! D’Personal ass a Saache Ballone speziell forméiert an de Partyshop verkeeft vill vu senge Produiten exklusiv hei zu Lëtzebuerg. A sollt Der trotz der grousser Auswiel net dee passende Kostüm oder soss Partysaccessoirë fannen, dann hëlleft Iech dat frëndlecht Team gäre weider.

Good Idea : Hot, hot, hot ! Fannt elo Ären Halloween-Kostüm bei Partyshop!

Partyshop


17, rue de Hollerich
L-1741 Luxembourg

 +352 27 12 58 34
 +352 26 19 68 92

 info@partyshop.lu
 
 Méindes vun 11 bis 19 Auer. Denschdes bis freides vun 10 bis 19 Auer. Samschdes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché