10 Dec 2014

Spannenden (nordeschen) Design fir doheem a fir de Büro

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De skandinaveschen Design huet vill Amateuren … nee, an dëser Good Idea geet et net ëm dat wuelbekanntent schwedescht Miwwelhaus, mee ëm e verstopptene klenge Bijou zu Hamm. “Reedandsimon” heescht d’Geschäft, dat Iech haut op ronn 500 m2 net nëmme skandinaveschen Design presentéiert, mee am grousse Ganze gudden Design!

Vu Kaddosartikelen iwwer kleng Miwwelen (ë.a. eng spannend Auswiel u Still) an Teppecher bis hin zu Regalsystemer an Iessdëscher wäerten d’Amateure vun Designklassiker hei sou munch Stilikon entdecken. Mat derbäi si Marke wéi Louis Paulsen, Carl Hansen, déi beléiften nei Mark Hay oder och déi Schwäizer Designmark Vitra. Reedandsimon hu sech an de leschte Jore besonnesch dorop spezialiséiert, déi steril an eigentlech och aarbechtsonfrëndlech Atmosphär an de Büroe wuertwiertlech opzemiwwelen. Projetsclientë profitéieren dobäi vun der Zesummenaarbecht vun Innenarchitekten, Ariichtungsspezialisten an enger ausgefeilter Miwwellogistik.

Dem Design-Profi Max Heldenstein geet et dobäi méi wéi nëmmen ëm d’Ariichten: d’Wuelbefanne geréieren ass hei d’Zauberformel. Wien an enger agreabler Ambiance mat Home-Miwwele schaffe kann, empfënnt d’Zäit als méi wäertvoll wéi am unisse Gro oder Wäiss ënner Neonsluuchten. An och wa Skandinavien eis kill an däischter virkënnt, wann et ëm d’Bannenariichtung geet, trieden d’Nordliichter hell a faarweg op! Iwwerzeegt Iech selwer dovun!

Good Idea : Bei Reedandsimon verkeeft een Iech zwar och Produiten, mee virun allem Léisungen – fir en entspaant Wunnen a Schaffen!
Dir hutt e spezielle Miwwelwonsch? D’Expertë vu Reedandsimon designen Iech Äert Miwwelstéck op der Plaz.

Reedandsimon


7a, rue de Bitbourg
L-1273 Luxembourg

 +352 27 04 30 1
 +352 27 04 30 30

 info@reedandsimon.com
 
 Méindes bis freides vun 8.30 bis 12 Auer a vun 13 bis 17.30 Auer. Samschdes vun 10 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché