11 May 2017

Ugesote Kaddoe vu grousse Marken

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et ass net ganz einfach, an e puer Sätz ze beschreiwen, wat Iech bei “Natur” erwaart. D’Geschäft stécht voller Iwwerraschungen, Produite vu verschiddene Kategorien, bei deenen net nëmmen d’Verschenke Spaass mécht, mee och schonn d’Akafen. D’Ambiance ass entspaant a léisst genuch Raum fir Inspiratioun.

Bei “Natur” fannt Dir Dekoratiounsartikelen, Planzen, Produite fir d’Wuelbefannnen, grad wéi eng ganz Partie Artikelen, déi Iech dobäi hëllefen, alles an Uerdnung ze halen: Këschten, Kierf a Säck a lëschtegen an iwwerraschende Faarwen a Formen. Fir Erliichtung suerge Luuchten a verschiddenen Designen – vu klassesch bis extrem ausgefalen. Dir kacht gär? Da bitt Iech “Natur” e puer technesch ausgeräift Kachutensilien, déi alleguer praktesch an einfach flott sinn.

Am Wellness-Eck fannt Dir ugesote Produite fir d’Kierperpfleeg, Ambianceparfumen, Doftkäerzen an Téien. Grad wéi d’Gerantë vill Wäert op d’Auswiel vun hirem Sortiment leeën, kritt Dir och gär bei der Sich no Ärem ganz spezielle Kaddoswonsch gehollef. Inspiratioun ass alles!

Good Idea : Hei fannt Dir ugesote Kaddoe vu grousse Marken!
Vill Produite sinn aus natierleche Matièren hiergestallt.

Natur


7-14, avenue du Rock & Roll
L-4361 Esch-sur-Alzette

 +352 26 17 54 28

 degeyjg@gmail.com
 Méindes bis freides vun 10 bis 20 Auer. Samschdes vun 9 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché