25 Mar 2014

Villeroy & Boch

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Firma Villeroy&Boch ass mat hirer méi wéi 260 Joer aler Geschicht eent vun de bedeitendsten Traditiounshaiser an de Beräicher Keramik, Buedzëmmeren a Wellness, awer och fir alles ronderëm de gedeckten Dësch.

Wéi kaum eng aner Premium-Mark ass Villeroy&Boch déif an der europäescher Kultur verwuerzelt. A wéi et nëmmen enger grousser Mark geléngt, huet si et verstan, hir Identitéit ze behalen an dobäi awer mat der Zäit ze goen. Traditioun, Qualitéit an Authentizitéit: Dat sinn déi klassesch Attributer vu Villeroy&Boch. D’Produite vun de Marke bidden a Saache Stil an Design alles, wat Dir braucht, fir Äert Doheem sou individuell ze gestalten, wéi Dir et gär hätt.

Villeroy&Boch ass an 125 Länner weltwäit vertrueden. Zu Lëtzebuerg fannt Dir „The House of Villeroy & Boch“ an der Stad an an der Belle Etoile, grad wéi e Fabrécksgeschäft am Rollengergronn.

Och haut nach ginn am Atelier am Rolléngergronn ausgewielten Eenzelstécker no der “méthode traditionnelle” mat vill Léift op der Hand gemaach. An dat schonn an der aachter Generatioun. Méi Infoen hei.

Good Idea : Traditioun an Innovatioun fir Äert Doheem!
Eng streng limitéiert Serie vun neien eenzegaartege Sammlerfiguren - Made in Luxembourg. Garantéiert Dëschkultur vum Beschten, fir Sammler mat héchsten Uspréch.

Villeroy & Boch


2, rue du Fossé
L-1536 Luxembourg

 +352 46 33 43
 +352 43 70 52

 hvb.luxembourg@villeroy-boch.com
 
 Méindes bis freides vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché