20 Jan 2013

Autofestival 2013

vun Good Idea | Kommentéieren

Nach bis de 4. Februar 2013 ass zu Lëtzebuerg déi 49. Editioun vum Autosfestival. Dank deenen zwee Organisateuren, der ADAL an der FEGARLUX , gëtt Lëtzebuerg dann nees zum automobile Mekka vun der Groussregioun. Et sinn insgesamt 129 Betriber, déi am ganze Land dorun deelhuelen an déi Iech mat Innovatiounen, neie Modeller, Virdeelpackagen an attraktive Remisen erwaarden.

Entdeckt d’Welt vun den Hybrid- an Elektroautoen – dat kompetent Personal beréit Iech gär. Test Ären Dramauto a freet Iech beim Kaf vun engem Won op déi berühmten “Festivalskonditiounen” vun de Lëtzebuerger Händler. Déi si vun 9 bis 19 Auer fir Iech do. Méi Infoen och op MyAuto.lu!

Dat nächst automobiilt Highlight kënnt Der Iech och schonn notéieren: Vum 26. bis den 28. Abrëll 2013 gëtt et déi zweet Editioun vum “AutOccasiounsfestival”, deem groussen Occasiounsautosmaart.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché