01 Oct 2015

“Electricity” – elektresch duerch d’Stad

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Alles huet mat Segway-Touren an der Stad ugefaang, also mat deenen Elektrorolleren, déi eng Persoun transportéieren an automatesch ausbalancéieren. A ville Stied gehéiert et zum Standardprogramm fir Touristen, mat Segwayen d’Ëmgéigend ze entdecken. Et gëtt an der Tëschenzäit awer ëmmer méi Méiglechkeeten, sech elektresch am Alldag bequem fortzebeweegen.

Bei “Electricity” am Shoppingcenter Belval Plaza II kritt Dir dës Méiglechkeete virgestallt. Skateboarden, Mono-Rieder, Scooteren, Vëloen a Motorrieder gi verlount a verkaaft. Elektresch Fortbeweegung huet net nëmmen ökologesch Virdeeler besonnesch op de kuerze Strecken, mee bitt och méi Komfort a Spaass beim Fueren: kee Kaméidi, keng Entwécklung vun Hëtzt, keng Gäng, bal keen Entretien an eng impressionnant Acceleratioun vun 0 op 100km/h an nëmmen 3,3 Sekonnen.

Dir gitt op der Plaz iwwert déi technesch Detailer beroden, mee och iwwert déi legal Conditiounen, zum Beispill am Kader vum Code de la Route. Selbstverständlech kënnt Dir och déi deels ganz ausgefale Mobilitéitsléisungen ënner Uleedung vun engem Expert testen. D’Electricity Geschäft bitt nom Kaf och e Service après-vente fir Lëtzebuerg an huet eng lokal Garantie vun zwee Joer.

Good Idea : Test Är E-Mobility-Léisung, andeems Dir lount, sou laang Dir wëllt. Beim Kaf kritt dir de Präis vum Lounen ugerechent.
"Electricity" bitt besonnesch elektresch Fortbeweegungsméiglechkeete fir kuerz Strecken an engem urbane Raum. Loosst den Auto stoen a fuert "green"!

Electricity


Avenue du Rock'n'Roll
L-4361 Esch-sur-Alzette

 +352 661 557 932

 info@electricity.lu
 
 Méindes bis freides vun 10 bis 19 Auer. Samschdes vun 9 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché