02 Feb 2016

Faszinatioun Modellbau

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Eemol en Düsenjet fléien oder e Schëff steieren … Bei “GB Jets Model’s” kann een dës Dreem op d’mannst am klenge Format realiséieren. Do fënnt een alles, wat ee mat enger Telecommande steiere kann, also och Helikopteren, Dronen an Autoen. De Guy Baczkiewicz ass begeeschterte Modellbauer an en absolutte Profi op sengem Gebitt. A sengem Geschäft zu Bascharage fënnt ee vill Fäerdegmodeller oder Bausätz, déi de Guy op Wonsch zesummebaut, bis se agesat kënne ginn. Wie säi Modell léiwer ganz komplett zesummebaut, kritt bei GB Jet Model’s sämtlech elektronesch Deeler, Balsaholz a villes méi.

Mat der passender Telecommande steet dem Spaass um Waasser, um Land oder an der Luucht näischt méi am Wee. Well virun allem Pilotfeeler an der Luucht séier fatal Konsequenzen hunn, recommandéiert de Guy fir Ufänger  Modeller mat enger “Safe”-Funktioun: Duerch d’Drécken op e Knäppche riicht de Modell sech an Noutsituatioune vum selwen nees korrekt aus. Aner Modeller wéi d’Mirage 2000 mat enger elektrescher Turbinn wieren do éischter eppes fir erfuere Modellfléier, erklaërt de Guy. Fléien däerf een iwwregens nëmmen op bestëmmte Plazen, déi an der Reegel vu Veräiner bedriwwe ginn. Zu Lëtzebuerg fënnt een déi z.B. zu Olm, Diddeleng, Miersch an Ettelbréck.

Wie léiwer um Land ënnerwee ass, kritt beim Guy verschidde Buggien a Courseautoen. Ëmmer méi dacks funktionéieren déi iwwregens mat Batterie, wat hautdesdaags bis zu enger Stonn Fuerspaass garantéiert. Um Waasser kann et mat Rennbooter séier oder mat detailgenaue Repliquë gemittlech zougoen. Kuckt  mol selwer beim Guy eran an entdeckt d’Villfalt vum Modellbau (iwwregens och online!)

Good Idea : Ze domm, wann dee fuschneie Modellfliger säin éischte Fluch mat enger Bruchlandung ofschléisst. Loosst Iech dofir vum Guy am Kader vu Fluchstonne genau weisen, wéi Profie fléien.
Am Onlineshop gb-jets.com fannt dir méi wéi 5.000 Artikelen, vum komplette Montage-Kit bis zum Ersatzdeel.

GB Jets Model‘s


96a, avenue de Luxembourg
L-4940 Bascharage

 +352 26 50 13 91
 +352 26 50 13 91

 info@gb-jets.com
 
 Denschdes bis freides vun 9 bis 12 a vun 13.30 bis 19 Auer (mëttwochs bis 20 Auer). Samschdes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché