20 Jan 2016

„fnac“ vun 2018 un am Centre „Royal-Hamilius“

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et dauert zwar nach e bëssen, mee d’Virfreed ass jo bekanntlech déi schéinste Freed: D’fnac kënnt op Lëtzebuerg! A Frankräich ass se schonn zënter Joren eng richteg Institutioun, wat Produite fir d’Fräizäit an den Divertissement ugeet (haaptsächlech elektronesch Apparater, Audiosupporten a Bicher) an an der Tëschenzäit déi zweetbeléifste Mark vun de Fransousen. Am Abrëll 2018 mécht d’Geschäft mat enger Verkafsfläch vun 2300 m2 seng Dieren an deem bis da fäerdege Centre Royal Hamilius, matten an der Stad op.

D’fnac versteet sech als absolut clientsorientéiert an innovativ Entreprise. Déi Lëtzebuerger Filial gëtt keng Kopie vun de franséischen oder belsche Geschäfter, mee wäert sech bewosst op de lokale Marché astellen; dofir gëtt d’fnac zu Lëtzebuerg wuel eng vun den erausstiechende Filiale vun der Entreprise. Och verschidde Servicer am kulturelle Beräich gehéieren zum Portfolio vun der fnac, dorënner de Verkaf vun Tickete fir kulturell Evenementer, Reesen, etc. D’fnac wëllt sech komplett zu Lëtzebuerg integréieren, sou kënnegt de Management et un . Mir däerfen also gespaant sinn!

Good Idea : D'"fnac" wäert sech zu Lëtzebuerg op eng innovativ Manéier presentéieren an eng Gamm vu Produiten ubidden, déi den Uspréch vun enger Clientèle iwwer d'Grenzen ewech gerecht gëtt.

fnac / Royal-Hamilius


Grand-Rue
L-1118 Luxembourg

 
 Vun Abrëll 2018 un.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché