11 Oct 2011

Orange Service Center

vun Orange | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate


D’Welt vun der Telekommunikatioun entwéckelt sech permanent weider a bréngt eis lafend nei Applicatiounen a Méiglechkeeten op Smartphones, Tabletten a Laptops. Orange mengt dat et wichteg ass fir hir Client’en déi néideg Ënnerstëtzung ze bidde fir hinnen ze erlaben hir Geräter beschtméiglech ze notzen an iwwer déi Déngschter ze verfügen déi si brauchen.

Aus dësem Gronn huet Orange a verschiddenen Orange Butteker Service Center ageriicht déi d’Client’e beroden ënner anerem fir eng Mailadress op hirem Handy anzeriichten; Mailen a Kontakter ze synchroniséieren; Kontakter vun der SIM Kaart ze kopéieren; den USB Stick ze konfiguréieren; e Backup vun hiren Daten ze machen. Doriwwer eraus kréien hir Client’en erkläert wéi eng nei Déngschter hinnen zur Verfügung sti bei enger Mise à jour vu Betribssytemer vu Smartphones an Tabletten, wéi iOS5 vun Apple.

Zéckt net, kommt an e vun de Service Center zu Bartreng, an der Stad, zu Esch-Uelzecht oder zu Ettelbréck. D’Orange Clientsberoder sinn Experten an dësem Gebitt.

Orange Service Center


 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché