11 May 2016

Sou mécht Kachen nach méi Spaass

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wien e bëssen Erfarung am Kachen huet, dee weess, dass gutt Kachgeschir ee soll am Liewe begleeden. Qualitéit lount sech do. Wat haut awer och ëmmer méi wichteg gëtt: de Lifestyle-Faktor. Kache soll Spaass maachen. Am “Fissler Shop” vum Shoppingcenter City Concorde kritt Dir béides, Qualitéit a Lifestyle!

D’Kachgeschir vun der Mark Fissler ass op d’mannst an Däitschland Generatioune vun Hobby- a Profikäch wuel bekannt. Vum Starterset bis bei déi exklusiv Eenzelstécker ass alles dobäi. Déi gossen Dëppen a Pane ginn iwwregens vum franséische Premiumproducteur Le Creuset hiergestallt. E bësse méi liicht a méi lifestylesch weist sech do déi amerikanesch Mark “Kitchen Aid”: D’Kichemaschinn als Top-Produit léisst sech einfach bedéngen, ass robust a gëtt mat enger grousser Auswiel un Accessoiren ugebueden. Ëmmer nees kritt Dir am Fissler Shop attraktiv Package-Präisser. Kuckt no de Spezialaktiounen.

Bis d’Iessen um Dësch steet, brauch een nach sou munch kleng oder grouss Hëllefen. Wa schonn op déi eege Famill kee Verlooss ass, d’Produite vun de Marke Küchenprofi a Gefu sinn ëmmer grëffbereet. Dir hutt Froen, wéi een se benotzt? Am Fissler Shop sinn all d’Verkeefer richteg Kichenexperten an hëllefen Iech gär weider.

Good Idea : Wann Dir net nëmme gär schaarf kacht, mee och gär schaarf schneit, da sollt Dir mol d'Fissler-Messer "Made in Solingen" testen, oder déi original japanesch Messer.

Fissler Shop City Concorde


80, route de Longwy
L-8060 Bertrange

 +352 26 44 05 63
 +352 27 44 90 45

 shop-luxemburg@fissler.de
 
 Méindes bis donneschdes vun 9 bis 20 Auer. Freides bis 21 Auer. Samschdes vun 9 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché